Austauschkrees “Agewinnung an der Crèche”
Wat Elteren maache kënnen, fir datt d’Agewinnung an der Crèche méi optimal verlaafe kann.
An engem sécheren a rouege Kader kënnen är Kanner fräi spillen an entdecken, wärend dir d’Méiglechkeet hutt, Froen ze stellen an iech mat aneren Elteren auszetauschen. Mir schwätzen doriwwer, wat Eltere kënne maachen, fir datt hiert Kand d’Agewinnung an der Crèche gutt meeschtert, wéi se d’Kand stäerken a begleeden, a wéi se e rouegt a positiivt Ëmfeld fir dës nei Erausfuerderung schafe kënnen. Ech freeë mech op en häerzlechen a beräicherende Moment mat iech an äre Kanner.
Contact & Informatioun :