
Brauche cool Kanner cool Pappen ? Wéi ass et mat der Roll vum Papp an der moderner Famill ?
Eis Gesellschaft huet sech staark verännert an de leschte Joerzéngten. Eltere sinn, ass net méi esou, wéi et nach fir eis Elteren an Grousseltere war.
Déi ënnerschiddlech Liewenspläng, Familljekonstellatiounen an Aufgabenopdeelungen an enger Famill droen haut dozou bäi, dass d’Roll vum Papp an der Famill, an an der Erzéiung ënnerschiddlech ausgeluecht ka ginn.
Wat bedeit et haut Papp ze sinn, wat si seng Aufgaben a wat fir eng Erausfuerderunge ginn et? Wéi sollen d’Pappen mat hirer Roll eens ginn?
Dës Froen solle wärend enger Pappendiskussiounsronn ofgekläert ginn.
Dësen Austausch riicht sech och un all Pappen an un d’Männer, déi mam Gedanke spillen, Papp ze ginn.
Informatioun & Kontakt :
Marc Weis, Coordinateur régional
znep.jrvf@zra.yh
Tél.: 621 249 722
Vera Wantz, Coordinatrice régionale
iren.jnagm@zra.yh
Tél.: 621 250 472
rygrersbehz.rfpu@zra.yh