Wat fir eng Emotiounen dréckt de Jugendlechen aus, wann e choleresch, rebellesch ass oder sech einfach zeréckzitt? Wat fir eng Besoinë wëll en domat erfëllen ? Fir Elteren ass et oft eng richteg Konscht, ze probéieren dem Jugendleche seng Besoinen ze verstoen an op se anzegoen ouni dobäi seng berechtegt Fuerderungen no Fräiheet an Autonomie anzeschränken. Wann een awer déi emotionnel Besoinë vum Jugendlechen a Betruecht zitt, da kann een e Schlëssel fannen fir net nëmme ganz vill Situatiounen ze entwirren, mä och eng besser Kommunikatioun opzebauen an eng Vertrauensbasis ze schafen. E groussen Deel vun der Aktivitéit ass fir den Austausch reservéiert.
Fir Eltere vu Kanner vun 10-16 Joer.
Contact & weider Informatioune : rygrerfpubhy@xnaarefpuynff.yh