Am Kader vu der “Semaine de la santé mentale” kënnen Elteren vu Jugendlecher am Eltereforum Hesperange un der Formatioun “Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet YOUTH” deelhuelen.
Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet ass den Equivalent zu de klasseschen Éischt-Hëllef-Coursë fir medezinesch Noutfäll.
D’Elteren léieren:
– déi éischt Unzeeche vu psychesche Problemer bei Jugendlecher ze erkennen.
– een·eng betraffe·ne Jugendlech·en unzeschwätzen an ouni Jugement ze kommunizéieren.
– enger jonker Persoun Éischt Hëllef unzebidden, déi mat psychesche Problemer kämpft oder sech an enger psychescher Kris befënnt.
– der jonker Persoun gëeegent Behandlungen an aner Forme vun Ënnerstëtzung ze vermëttelen.
De Cours besteet aus theoreteschem Input, Aktivitéite fir ze diskutéieren, didaktesch Videoen, Fallbeispiller a praxisorientéiert Übungen.
2 Datumer: 09.10.2024, 8h30-16h30/ 16.10.2024, 8h30-16h30
De Cours ass op 20 Participante·ë limitéiert.
Umeldung bis spéitstens 30.09.2024.
Wann eng Persoun beim 1. Modüll net kann dobäi sinn, ass si net méi berechtegt un dem anere Modüll vum Cours Deel ze huelen.
Nom Cours kritt Dir eng “Attestation de participation”.
Mir wéilten Iech drop hiweisen, dass de Cours jeeweils 8 Stonnen dauert an dofir d’Präsenz vu Kanner net méiglech ass.
Méi Informatiounen iwwert d’ Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet:
https://www.prevention-psy.lu/pssm/a-propos/
Weider Informatiounen & Contact :
Madeleine Peran, Coordinatrice régionale
znqryrvar.crena@zra.yh
Tél.: 621 421 733
rygrersbehz.urfcrenatr@zra.yh