Elterecafé (thematesch) um Kasshaff
Eng Plaz, wou Eltere sech treffe kënnen, e bëssche poteren, sech austauschen, deen een oder anere Problem uschwätzen, e gemittleche Moment mat oder ouni hir Kanner verbréngen…
Fir all interesséiert Elteren mat an ouni Kanner.
Haut mam Thema: Spillen ass Wuessen :
Dem Kand vun Ufank un een Entourage bidden, deen him et erlaabt seng Ëmwelt a sengem eegene Rhythmus ze entdecken, seng Méiglechkeeten ze testen, mee awer och seng Limitten ze erkennen, ass eng wichteg Aufgab vun den Elteren.
Wéi wichteg ass d’Spillen am Liewe vum Kand? Wéi beaflosst d’Spillen d’Entwécklung an d’Wuelbefanne vum Kand? Wat ass d’Roll vun den Elteren a firwat ass déi sou wichteg? Déi grouss Offer u Spillsaache – wat ass dat Richtegt fir mäi Kand.
Umeldung erwënscht / Inscription demandée : rygrerfpubhy-prager@xnaarefpuynff.yh
Partner : Kass-Haff, Rollingen