LU
Geschwëster – Zesummen duerch déck an dënn
Den Tom ass dee blöödste Brudder vun der ganzer Welt! Neen, d’Lisa ass déi blöödste Schwëster! Wie kennt se net d‘Streidereien ënnert de Geschwëster… Si konkurréieren, si jalous openeen an wëllen oft net deelen… Mee genausou si si och Verbündeter, bescht Frënn an versti sech ouni Wierder.
Dat éischt Kand, dat zweet, dat klengst: wéi ënnerschiddlech sinn déi verschidde Positiounë vun de Geschwëster ? A wéi vill beaflosse si d’Entwécklung vun eise Kanner ? Wat mécht d’Bezéiung tëschent de Geschwëster sou besonnesch ? A wéi kënne mir als Elteren d‘Bindung vun den Kanner zoueneen an als Famill stäerken? A wéi kënne mir geloossen a Konfliktsituatiounen tëschent Geschwëster reagéieren ?
Kommt a verbréngt e flotte Moment mat oder ouni är Kanner, kritt wäertvoll Informatiounen zum Thema “Geschwëster” an tauscht Iech bei enger Taass Kaffi oder Téi mat aneren Elteren aus.
Contact & Information :
Claire Rodesch, Coordinatrice régionale
pynver.ebqrfpu@zra.yh
Tél.: 621 779 102
Tanja Schmit, Coordinatrice régionale
gnawn.fpuzvg@zra.yh
Tél.: 621 267 508
rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh