Thema: “Schlof Këndche schlof… wann d’Kanner den Elteren hire Schlof klauen!”
An dëser thematescher Aktivitéit ronderëm de Schlof gi folgend Punkte beschwat:
- De Schlof am allgemengen
- Evolutioun vum Schlof am Laf vun der Zäit
- Schlofgestaltung (Eenzelzëmmer vs. Co-Sleeping-an engem Bett…)
- Tipps fir e gudde Schlof
- Schlofproblemer
Fir Eltere vu Kanner vun 0-4 Joer.
Den Echange an déi individuell Beispiller stinn am Vierdergrond.”
Kommt a verbréngt e flotte Moment mat oder ouni är Kanner, kritt wäertvoll Informatiounen zum Thema “Schlof” an tauscht Iech bei enger Taass Kaffi oder Téi mat aneren Elteren aus.
Et wier vu Virdeel wann dir schon um éischten Deel deel geholl hutt. Dëst ass awer nët obligatoresch.
Intervenantes :
Tania Hemmer, Eltereschoul
Information supplémentaire : rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh (resp. Claire Rodesch, Coordinatrice régionale Eltereforum)