Elterentreff am Eisleker Haus
Spill a Spaass am Summer
Fir Elteren mat hiren Kanner vun 4 bis 8 Joer
Kommt mat ären Kanner (4 – 8 Joer) laanscht an erlieft zwou Stonne voller Beweegung, Natur an Summerspaass.
An Zesummenaarbecht mam Eisleker Haus, erméiglecht den Eltereforum Iech an äre Kanner eng flott Familljenzäit an engem flotten naturnoen a pädagogeschen Ëmfeld ze erliewen.
Zesumme maache mir flott kleng Spiller passent fir d’Summerwieder ze genéissen, treffen an entdecken alles ronderëm d’Hinger/d‘Kanéngercher a gi kreativ an eiser Bastel-Wierkstaat.
Mir freeën eis op e flotten Moien zesummen, e flotten Austausch ënnert den Elteren an villen flotten Entdeckungen fir Grouss a Kleng.
Contact & Informatioun : rygrersbehz.zneanpu@zra.yh