Halloween Fest
Gitt op d’Sich nom Ursprong vun Halloween. Een Event fir d’ganz Famill.
Dësen Event fënnt am Kader vun «Growing together» vun der EwB statt.
Et gëtt däischter, d’Kürbiskäpp gi rausgeholl an alles e bësse méi grujeleg. Wouhier kënnt de Brauch? A wat kann een “Halloween” alles Kreatives ustellen?
Een Event fir Famillen déi net op der Sich no enger Halloweenparty sinn, mee mat Bicher, engem Film (Coco) a kreativen Atelieren d’Vakanz verbrénge wëllen.
Et gi Bastel a Schminkatelieren ugebueden, ze naschele gëtt et och a Verkleedung ass ganz gäre gesinn.
Zielgrupp: Kanner vun 5-8 Joër an hier Elteren/Grousselteren/Bezugspersounen
Kontakt & Informatioun : vasb@rjo.yh