Harmonesch Bëbeesmassage no Bruno Walter
D’Bëbeesmassage no Bruno Walter ass eng ganzheetlech a bindungsorientéiert Massage, geduecht fir Bëbeeën tëscht 6 Wochen a 6 Méint. De Cours besteet aus enger Mëschung aus Theorie a Praxis. Du léiers all Kéiers nei Grëffer a mir schwätzen nach iwwer aner spannend Theme ronderëm d’Bëbeeszäit. Aromatherapie a Kläng sinn och feste Bestanddeel vum Cours. No deene 5 Kéiere kann s du däi Bëbee ganz selbststänneg doheem mat där wonnerbarer rhythmescher Massagetechnik verwinnen. An och du als Mamm/Papp profitéiers dovun, wann s du gesäis wéi gutt dat Ritual dengem Bëbee deet.
Do w.e.g gemittlech Kleeder a waarm Strëmp un, bréng e Buedduch a wa gewëllt e Massagenueleg mat! Merci!
Datumen (09:30-11:00 Auer) :
12.01.2026 (Start)
19.01.2026
26.01.2026
02.02.2026
09.02.2026
Kontakt & Informatioun :