LU
D’Studie weisen, dass eng gesond Entwécklung vun der Sprooch an der Kommunikatioun essentiel fir di sozial a schoulesch Evolutioun vun de Kanner ass.
Wéi d’Majoritéit vun de jonken Eltere, stellt dir Iech bestëmmt vill Froen zu där Entwécklung: Wéi fërderen ech d’Sprooch vu mengem Kand richteg?
Wéi soll ech mat Méisproochegkeet ëmgoen? Wéi bewältegen ech d’Ecranen?
Wat maache, wann d’Sproochentwécklung vu mengem Kand schwiereg virugeet?
Mir proposéieren iech eng Info-Versammlung mat 2 spezialiséierten Orthophonistinnen vum Service audiophonologique.
Si erklären Iech d’Etappe vun der normaler Sproochentwécklung a ginn Iech praktesch Rotschléi fir eng adequat Sproochfërderung. Dono hutt dir och d’Geleeënheet är Erfarunge mat den aneren Elteren auszetauschen a méi spezifesch Froen ze stellen.
Et handelt sech ëm e Cours fir d’Elteren. Fir eng individuell Sprooch-Evaluatioun vun Ärem Kand, gitt w.e.g. op de Programm « Bilan 30 » vum Service audiophonologique.