Kanner a Jugendlecher am Internet. Eng Erausfuerderung fir Elteren
Fir hire Kanner e séchert a verantwortungsvollt Online-Erliefnis garantéieren ze kënnen, sollten d’Eltere sech den Erausfuerderunge vum Internet bewosst sinn. Am Kontext vun dëse Medien, stelle sech d’Eltere awer vill Froen: Vu wéi engem Alter un däerf mäi Kand e Smartphone hunn? Wéi vill Zäit däerf et virum Ecran verbréngen? Wéi kann ech et viru Mëssbrauch a Cybermobbing schützen? Dës thematesch Aktvitéit vu BEE SECURE baséiert op dem Eltereguide “Bildschirme in der Familie” a wëll den Elteren Tipps a Rotschléi ginn fir e sécheren an un d’Liewenswelt vun der Famill ugepassten Ëmgang mam Internet.
Fir Eltere vu Kanner aus den Cyclen 3 a 4.
Sproochen : LU an FR (ToD)
Informatioun & Umeldung :
https://www.kannerschlass.lu/fr/nos-services/eltereschoul/agenda