Austauschkrees fir Eltere zum Thema Gesëschter an der Famill.
D’Ukomme vun engem neie Puppelchen ass e wichtege Moment, net just fir d’Elteren, mee och fir dat “grousst” Kand oder déi “grouss” Kanner, déi eng nei Roll an der Famill kréien.
Scho wärend der Schwangerschaft kann ee vill maache fir d’Bindung tëscht dem eelste Kand an dem Bëbee ze stäerken. Zesumme kucke mir wéi eng Méiglechkeeten et ginn.
Vill Froe kommen och op, wéi zum Beispill:
-Wat hëlleft dem Kand, fir seng Plaz an der neier Familljekonstellatioun ze fannen?
-Wéi kënne mir emotional Ausbréch oder Jalousie besser verstoen a begleeden?
-Wat fir Ritualer oder kleng Momenter stäerken d’Bezéiung tëscht de Kanner?
-Wat kann ech perséinlech maachen, fir gutt a gestäerkt duerch déi besonnesch Zäit ze kommen?
Hei kriss du Raum a Zäit, fir dech schonn am Virfeld mam Thema “Gesëschterkanner” ausenanerzesetzen a wäertvoll Ressourcen ze sammelen, déi der hëllefe wäerten anescht duerch dës besonnesch Transitioun ze goen.
Kontakt & Informatioune :
Claudine Scholtes, Coordinatrice régionale
pynhqvar.fpubygrf@zra.yh / rygrersbehz.zneanpu@zra.yh
Tél.: 621 250 297
Joe Klemmer, Coordinateur régional
Tél.: 621 249 722