Liesung : dem Kleeschen säin Iesel um Bauerenhaff
Dësen Event fënnt am Kader vun «Growing together» vun der EwB statt.
Eng Liesung mat an iwwert dem Kleeschen säin Iesel um Bauerenhaff
De Kleeserchersdag kennt ëmmer méi no: d’Kaddoe gi verpak an de Schlitt prett gemaach.Do däerf dat wichtegst Déier vun allen natierlech net feelen: Den Iesel!
Beim Paco am Haff treffe mir awer net nëmmen op dem Kleeschen säin Iesel mee nach opsou munch aner Déier, déi wärend der Liesung fräi em eis ronderëm lafen.
Zwou Geschichte ginn erzielt mat Interaktiven Elementer. An fir dass et net ze kal gëtt, gëtt sech dono mat engem Schocki gewiermt. Een Event fir d’ganz Famille, bei dem ee vill Wëssenswäertes iwwert den Iesel a Co gewuer gëtt.
Loscht kritt? Da kommt a schnuckeleger Kleedung an d’Scheier a loosst iech vun der Niklosstëmmung matrappen
Zielgrupp: Kanner ab 3 Joër an hier Elteren/Grousselteren/Bezugspersounen
Kontakt & Informatioun : vasb@rjo.yh