LU
Am Kader vum Safer Internet Day 2026 gëtt de Film TKT (T’inquiète) (2024, VO FR, ab 14 Joer) den 10. Februar 2026 um 19h30 am Kinepolis Luxembourg-Kirchberg gewisen, gefollegt vun engem Austausch an enger Diskussioun mat engem Trio vun Expert:innen (BEE SECURE, KJT an d’Lëtzebuerger Police, Sprooch: Lëtzebuergesch).
Warnung: Dëse Film enthält explizit Szenen vu Belästegung souwéi de Suizid vun enger Jugendlecher.
Synopsis:
D’Emma, 16 Joer al, läit am Koma. No an no weist de Film, wéi Ausgrenzung, Drock an digital Gewalt zu enger dramatescher Situatioun geféiert hunn.
Programm
-
19h30: Projektioun vum TKT an der Originalversioun
-
20h50: Austausch an Diskussioun mat engem Trio vun Expert:innen (BEE SECURE, KJT an d’Lëtzebuerger Police)
-
± 21h30: Enn vun der Kino-Konferenz
D’Evenement gëtt a Kollaboratioun mat Kinepolis organiséiert.
Gratis Ticketen:
100 gratis Plaze sinn disponibel, nom Prinzip first come, first serve. Klickt op „Inscription“ fir méi Informatiounen.