Musek an Danz zesummen erliewen!
Dëst ass e Cours, baséirend um Danzkonzept BabyBoogie, fir Eltere mat hire Puppelcher vun 0 bis 36 Méint.
Spaass steet un éischter Stell! Beim BabyBoogie geet et virun allem dorëms Qualitéit-Zäit mat ärem Kand ze verbréngen. Déi harmonesch Atmosphär, d’Musek an d’Beweegung kreéiere schéi Momenter, déi d’Elteren a Puppelcher zesummen erliewen. Zesummen danze fërdert och déi enk Verbindung tëscht iech an ärem Kand. Dat kierperlecht Zesummespill an d‘ Interaktioun kënnen eng déif emotional Verbindung kreéieren. Vun Ufank u gi Puppelcher spilleresch an hirer motorescher a kognitiver Entwécklung duerch Musek an Danz ënnerstëtzt. Och déi Kleng kënnen hir éischt sozial Kontakter an dësem Cours maachen an an engem secheren Ëmfeld sech ausprobéieren. Déi entspaant, lëschteg Atmosphär hëlleft den Elteren de Stress vum Alldag hannert sech ze loossen an hir Zäit mat hirem Puppelche voll ze genéissen.
D’Aschréiwung geet op eng Erwuessepersoun mat Kand.
Contact & Information :
Claudine Scholtes, Coordinatrice régionale
pynhqvar.fpubygrf@zra.yh / rygrersbehz.zneanpu@zra.yh
Tél. : 621 250 297