Wat fir eng Emotiounen dréckt e Kand aus, wann et opfälleg ass? Wat fir eng Besoins wëll et domat erfëllen? Fir Elteren ass et oft eng richteg Konscht dem Kand seng Besoinen ze verstoen an op se anzegoen, fir him déi Fräiheet ze loossen, déi et brauch fir sech ze entwéckelen an ze entfalen. Wann een awer déi emotionnel Besoine vum Kand a Betruecht zitt, da kann een net nëmmen e Schlëssel fannen, fir ganz vill Situatiounen an der Famill ze entwirren, mä och fir dem Kand verstoen ze ginn, dass een op et lauschtert an et eescht hëlt. E groussen Deel vun der Aktivitéit ass fir den Austausch reservéiert
Information :