Iwwerall a vu Klengem un, begéine mir Reegelen. An eisem Alldag an am Zesummeliewe mat eise Kanner ginn et vill Situatiounen, an deene mir iwwert eis eege Grenzen an déi vun de Kanner nodenke mussen.
– Dierf ech Grenze setzen?
– Muss ech fir alles Reegelen opstellen? Geet dat net ze wäit? Brauche Kanner net e grousse Fräiraum?
– Wéi soll een et mat de Konsequenze maachen?
– A wat maachen, wann et net funktionéiert?
Dës Aktivitéit riicht sech u jiddereen, deen un engem Austausch iwwert Reegelen a Grenzen interesséiert ass.
Fir all interesséiert Elteren.
Inscriptioun & Informatioun : rygrerfpubhy@xnaarefpuynff.yh