„Family Time with Dogs“ – Ee Famillienmëtteg mat Hënn (Dogs4success)
Sidd Dir op der Sich no enger Aktivitéit, déi d’Famill zesummebréngt an d’Kanner op spilleresch Aart a Weis léiere léisst? Bei „Family Time with Dogs“ sti gemeinsam Erfarunge mat Hënn am Mëttelpunkt.
An dëser déieregestützten Aktivitéitsrei ginn d’Famillien duerch spilleresch Aktivitéiten an Interaktioune mat Hënn motivéiert, sozial a perséinlech Kompetenzen z’entwéckelen.
All Sessioun behandelt e speziellt Thema: vu Bedierfnesser an Emotioune, iwwer Talenter a Ressourcen, bis hin zu sportlechen a kreative Spiller. D’Kanner wéi och d’Eltere léieren dobäi, dës Erkenntnisser op hir eegen Erfarungen z’iwwerdroen.
Nom aktive Part kënne d’Kanner dem Hond a gemittlecher Atmosphär virliesen – e super Wee, fir d’Freed um Liesen ze fërderen. Wärend dëser Zäit kréien d’Eltere wäertvoll Tipps wéi een d’Liesen Doheem fërdere kann.
Maacht mat, entdeckt villes iwwert den Hond an Iech selwer a verbréngt eng flott Zäit als Famill!
Wichteg: Et sinn ausgebilten Hënn sur Place, bréngt w.e.g net Är privat Hënn mat.
Fir Eltere mat Kanner vun 6-12 Joer !
Contact & Informatioun :
Renée Fretz, Coordinatrice régionale
erarr.sergm@zra.yh / rygrersbehz.avrqrenaira@zra.yh
Tél.: 621 108 321