TEILEN

Wéi stimuléieren/aktivéieren ech mai Kand am Alldag – Ateliers Stimul’Ergo® (LU) – COMPLET

Wéi stimuléieren/aktivéieren ech mai Kand am Alldag – Ateliers Stimul’Ergo® (A.Kuhn)

 

Vun 0-6 Méint (01/10/2024)

Atelier: Ech si just op der Welt

Äre Puppelche kënnt geschwënn op d’Welt oder ass schonn do?
Dir frot Iech, wéi en sech entwéckelt : motoresch/sensoresch ? Wéi eng Spillsaache brauch ech ? Kann ech scho mat him spillen ? A wéi ? Wéi droen ech hien am beschten? Wéi kann ech mäin Doheem beschtméiglech amenagéieren ? Op wat muss ech oppasse beim Schlofe leen ? …
An nach Äntwerten op vill aner Froe wat Ären Alldag mat ärem Puppelche betreffen. Dann schreift Iech an!

 

Vu 6 Méint -18 Méint (08/10/2024)

Atelier : Ech exploréiere meng Ëmwelt

Wéi geet et mat senger Entwécklung weider ? Dir frot iech wéi e Material brauch hien elo an ab wéi engem Moment? Wéi kann ech mäin Doheem beschtméiglech amenagéiere fir seng Autonomie ze stimuléieren? Wéi installéieren ech hien dass e gutt do setzt ? fir z’iessen, ze spillen.
Wéi ass et mam Krabbelen , firwat ass dat gutt?
Wéi wielen an organiséieren ech seng Spillsaachen? Wat spillen ech mat him ?
Hutt Dir nach aner Froe betreffend den Alldag an d’Aktivitéiten /Entwécklung vun Ärem Kand ? Dann schreift Iech an !

 

Vun 18 Méint bis 3,5 Joer (22/10/2024)

Atelier: Ech maache gären alles selwer

Äert Kand well méi a méi selwer maachen, wéi ënnerstëtzen ech et dobäi?
Wéi amenagéieren ech mäin Doheem fir seng Autonomie ze stimuléieren. Wat brauche mir vu Material/Spiller / Iddie fir ze spillen ze maachen , ze léieren…
Positiv Eltereschaft : wéi geet dat? Wéi reagéiere mir op d’Roserei, den NEE, op d’Jalousie , d’Léien …
Hutt Dir nach aner Froe betreffend den Alldag an d’Aktivitéiten/Entwécklung vun Ärem Kand ? Dann schreift iech an !

 

Desen Event ass komplett op den 01/10/2024 an 08/10/2024 !!

 

Fier weider Informatiounen & Kontakt :

Claire Rodesch, Coordinatrice régionale

pynver.ebqrfpu@zra.yh

Tél.: 621 779 102

Tanja Schmit, Coordinatrice régionale

gnawn.fpuzvg@zra.yh

Tél.: 621 267 508

rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh

  Aller au contenu principal