LU
E Joer am Bësch – Naturzäit fir Eltere mat hire Kanner
Mir tauchen zesummen an d’Welt vum Bësch an, mat alle Sënner, bei all Wieder an am Rhythmus vun de Joreszäiten.
Dëst luet dozou an de Bësch als Erfarungs-, Beweegungs- an Entdeckungsraum fir Grouss a Kleng ze erliewen.
Duerch fräit Spill, kleng Aktivitéiten, Musik, Geschichten a kreativ Naturimpulser entsti wäertvoll Momenter.
E Joer am Bësch voller Naturerliefnisser a gemeinsamer Zäit – entschleunegend, stäerkend a verbannend.
Komm mat!
Den Treffpunkt ass zu Helzen (Hachiville) an der Klaus, fir genee ze sinn bei der klenger Kapell am Bësch, deen der ereescht wann der der Strooss » An d’Klaus » nofuert. Dëst ass och nach den Ufank vum Insektenpad.