SHARE

Fit mam Bëbee!

Fir Mammen an der Schwangerschaft - Fir Mamme mat hirem Bëbee an der Dro

LU

Bass du grad schwanger? Oder hues du schonn däi Puppelche gebuer an hues just déng Réckbildung ofgeschloss? Du hues Loscht dech nees ze beweegen? Zäit fir dech selwer, fir däi Kierper ze spieren, an dat alles ouni dir Suergen ëm e Babysitter ze maachen? Kee Problem, dann ass dëse Cours genau dat Richtegt fir dech!

Mir danze mat ganz einfache Schrëtt zu Pop, Dance, Hip-Hop a latäinamerikanesche Lidder, an droen eise Puppelchen dobäi an der Dro ganz no un eisem Kierper. De Fokus vum Konzept läit op der Mamm. Mir ënnerstëtzen d’Fraen, eppes fir sech selwer ze maachen! En Danzworkout, deen Iech gutt deet, ouni Drock oder Stress, awer mat vill Spaass, Häerz a gläichzäiteg automatescher Flexibilitéit a Fitness.

Danzen – wéi mir et haut wëssen – huet e ganz positiven Effekt op Kierper, Geescht a Séil! Eise Kierper gëtt méi flexibel, an eis Muskelen, Seenen, Bänner, Koordinatioun a kardiovaskuläre System gi gestäerkt. Musek a Rhythmen hunn sech als gutt fir d’Séil bewisen, a wärend mir Gléckshormoner fräisetzen, ginn d’Stresshormoner vum alldeegleche Mammeliewen automatesch reduzéiert.

Och an der Schwangerschaft profitéiert äre Kierper vun dëse Beweegungen a bitt eng flott zousätzlech Virbereedung fir är Gebuert an déi Zäit dono.

Also komm laanscht an danz mat!

Ech freeë mech op dech!

 

Infos fir d’Mammen:

Do beweegungsfrëndlech Kleeder un

Denk un déng Dro fir däi Bëbee

De Bëbee netz e warm undoen fir ze danzen

Bréng gäeren Ersatzkleeder fir dech an däi Bëbee mat, well et werten Schweespärelen rullen 😉 (eventuell och e klengt Duch)

An bréng dir och gäeren eppes fir ze drénken mat.

Mir danzen Buerféiss 🙂 (noutfalls sin propper Turnschung och ok)

Gitt den Froebou an den Haftungsausschluss ausgefëllt an ënnerschriwwen bei eis of.

 

02/06/2026

09/06/2026

16/06/2026

30/06/2026

07/07/2026

Kontakt:

rygrersbehz.rggryoehpx@zra.yh

Protection of personal data

The data collected on our site can only come from the voluntary entry of your personal data, for example by using the contact form or by registering for one of the activities organised by Eltereforum. Please note that this data will only be stored on the RESTENA server for as long as necessary* and will not be disclosed to third parties. Nor will this data be used for commercial purposes.

You have the right to request a file containing all the personal data we hold about you. You may also request the rectification of incorrect personal data and the deletion of some or all of your personal data when the storage of such data is no longer necessary. This does not include data stored for administrative, legal or security purposes.

You also have the right to object to the processing of your personal data, unless the processing is motivated by a serious and compelling legitimate interest.

You also have the right to request that your personal data be sent to you. At your request, this personal data may also be sent to a third party.

* Duration of storage of your personal data

If you register for one of the activities at Eltereforum, we may store your personal data from the time of registration until the 30th day after the event. This data is necessary to enable us to contact you for organisational reasons. (For example: changes in the course of the activities, cancellation of the activity or similar).

Contact information

If you have any queries about your personal data, please contact us at qcb@zra.yh.