LU OP ENTDECKUNGSREES DUERCH D’GEFILLSWELT
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 3 an 10 Joer
Komm mat op eng spannend Rees: zesummen tauche Kanner an Elteren an eng Geschicht an a begéine Roserei, Freed, Trauer, Gléck a Courage, Sehnsucht a Léift. Mat klenge Spiller an Übunge probéiere mir aus, wéi Gefiller sech weisen a wéi se sech ausdrécke loossen – ganz praktesch an alldagsno. Dobäi steet am Zentrum, dat mir zesumme Gefiller erliewen. Fir d’Eltere gëtt et zousätzlech Hannergrondinformatiounen an Impulser
Wou? Kuckt Iech hei de Plang un: https://semaine-enfance.lu/festival-de-lenfance/