Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Autres sites

4 - 12 ans
13 - 18 ans
activite-parents-enfants
Prestataire
Kulturhaus Niederanven
Coût de l’activité
Tarif 12 € / Tarif réduit 6 €
PARTAGER:

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen : Lidder fir ze Schneeken (LU)

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen : Lidder fir ze Schneeken, fir kleng a Grouss (Chantier mobile asbl.)

https://www.khn.lu/de/Agenda/De-Kapitan-Mullebutz-a-seng-Seisswaassermatrousen

http://kapitaenmullebutz.lu/

 

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun enger laanger Rees nees zeréck heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner déi si gesi hunn. Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert!

De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswaassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer, déi si erlieft hunn, vum Liewen u Bord a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.

Mat bekannte Vollekslidder & Lidder vum Pir Kremer/Jempy Kemmer, Toni Schuster/Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, Romy Grangenet a Ralph Kilburg an aneren.

 

Adresse : 145, route de Trèves, L-6940 Niederanven

Info : vasb@xua.yh

Tél. : (+352) 26 34 73 1