Luxembourg, 40, rue Philippe II, PopUpStore N.40, Kids’Village (KiVi)
LU
Meet the expert am KiVi: Wärend Äert Kand spillt, kënnt Dir eiser Expertin Froen zu folgendem Thema stellen:
Den Iwwergang an d’Crèche, de Précoce/Cycle 1- wéi kann ee sengem Kand e gudde Start erméiglechen?
Den Iwwergang an d’Crèche, de Precoce/Cycle 1- e grousse Changement fir d’Kand.
Wat bedeit dës Verännerung fir e Kand? Wat sinn d‘Erausfuerderunge fir d’Kand a seng Elteren? Wéi kann ee säi Kand op den éischten Dag virbereeden ? Wat kann ee maache fir säi Kand an dëser Iwwergangsphas an am Alldag z‘ënnerstëtzen? Wat maache wann näischt méi geet duerno doheem ? Eng gutt Zesummenaarbecht tëschent den Elteren an dem Erzéiungs-resp. Léierpersonal?
Austausch iwwer d’Erzéiung an d’Parentalitéit am Pop-Up Store vun der Up Foundation