LU:
Wéi kënnen Elteren hir Kanner beim Ëmgang mam Internet an digitale Medien gutt begleeden? Wéi eng Risike ginn et, a wéi kann een am Alldag richteg reagéieren?
Dës interaktiv Eltereveranstaltung gëtt den Elteren d’Méiglechkeet, hir Froen direkt un Experten aus dräi Beräicher ze stellen:
BEE SECURE beäntwert virun allem Froen zu sécherer Mediennotzung a gëtt praktesch Tipps fir den Alldag.
De Service Preventioun vun der Police Grand-Ducale geet op Froen zu Cyber-Mobbing, Cybergrooming, Bedruch, Schutzmoossnamen a méigleche strofrechtleche Situatiounen an.
Den Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) beäntwert Froen zu exzessiver Mediennotzung a Verhalenssucht.
De Fokus läit op de Risike vun Internetnotzung vu Kanner a Jugendlechen, potenziell Warnzeechen a konkret Handlungsméiglechkeeten an Ënnerstëtzung fir Familljen. Zil ass et, den Eltere praktesch Informatiounen, Orientéierung an e Raum fir Diskussioun ze bidden. Dir kënnt Är Froe gär am Virfeld bei der Umeldung am Kommentar hannerloossen oder awer eis e Mail un rygrersbehz.urfcrenatr@zra.yh schécken.