Grouss Liewensfroen: Schoul – an hir Alternativen
Eng Table Ronde
Enn Mäerz hu mir eis ee grousst Thema virgeholl. Bei dëser Table Ronde geet et ëm vill, nämlech ëm Formen, Modeller, Iddien, wéi eng Ausbildung ausgesi soll a kann. Den traditionelle Schoulsystem gëtt et jo eigentlech net méi, oder dach? Alternativen dozou etabléieren sech, mee ginn deelweis awer nach ëmmer als Ausnam gehandelt.
Mee wat ass dann eigentlech d’Roll vun der Schoul? Wien entscheet, wat se ze leeschten huet? Si mer do politesch ënnerwee, oder sträife mer och aner Beräicher? A geet dat net och anescht?
Zielpopulatioun : Elteren an all Interesséiert.
An Zesummenaarbecht mam Forum, der UP Fondation an dem Zentrum fir politesch Bildung
Kontakt : vasb@rjo.yh