LU
Fir dech an däi Puppelchen – Rou a Sécherheet am Alldag fannen.
E Begleedungsatelier fir jonk Elteren am éischte Liewensjoer.
Bass du als Mamm/Papp heiansdo erschëpft vun de ville Momenter vu Stress, Onsécherheet a Spannungen am Alldag mat dengem Puppelchen?
An dësem Atelier kriss du konkret Impulser, wéi s de déi ermiddend Kreesleef vu Stress, Uspanung a Kräische besser verstees a fréi duerchbrieche kanns.
Mat einfache Kierper- a Wahrnehmungsübungen léiers du, dengem Kand och an onrouege Phasen duuss, sécher a mat Vertrauen ze begéinen.
Gläichzäiteg hues de d’Méiglechkeet, dech mat aneren Elteren auszetauschen an ze spieren: Du bass net eleng.
Contact & Information :
Joe Klemmer, Coordinateur régional
wbr.xyrzzre@zra.yh / rygrersbehz.jvygm@zra.yh
Tél.: 621 249 722