PARTAGER:

Niklos-Expo Lëtzebuerg (LU)

Niklos-Expo (Lëtzebuerg)

Niklosduerstellungen an -traditiounen zu Lëtzebuerg
ewb-familien

Eng Expo an der Kathedral

Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?

D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfilmer aus de 40er bis 80er Joere gi projezéiert.

Start : 16.11.2024 – 24.11.2024

Zielgrupp: All Kanner an hier Elteren/Grousselteren/Bezugspersounen

Kontakt & Informatioun : vasb@rjo.yh

  Aller au contenu principal