Beim Poussettentreff begéinen d’Elteren déi grad an der selwechter Liewensphase sinn sech fir zesummen en Tour ze trëppelen. Si entdecken eng nei Plaatz, e flotte Wee fir mat hirem Kand aktiv dobaussen ze sinn.
Duerch den Austausch vun Erfahrungen, Zweifel, Suergen a schéine Momenter ginn d’Elteren an hirer Eltereroll gestäerkt.
Kommt mat ärem Puppelchen an klengen Kanner a maacht mat eis e flotten Tour vun enger Stonn.
Treffpunkt ass beim Eltereforum Beetebuerg.
Et as keng Aschréiwung noutwenneg.
Daten :
21/03/2023, 10-11 Auer
20/04/2023, 10-11 Auer
27/04/2023, 10-11 Auer
Fier weider Informatiounen :
Claire Rodesch (Coordinatrice régionale Bettembourg)
ul.nem@hcsedor.erialc
ul.nem@gruobmetteb.muroferetle