Aaf a Fuuss spille mat der Activity Box

Activity Box

Beweegen, spillen, liesen, zesumme sinn!

D’Activity Box bitt Iech an Äre Kanner tëscht 1 an 3 Joer allerlee Iddien an Aktivitéiten, fir eng bildschiermfräi Zäit – doheem oder ënnerwee – ze genéissen.

 All Eltere vu Kanner am Alter vun 1 bis 3 Joer dierfe gratis eng Activity Box bestellen an se an ee vun den Eltereforen uechtert d’Land siche kommen. All Famill huet Usproch op 1 Activity Box.

Wat muss ech maachen?

Mellt Iech am Agenda fir ee vun den Eventer „Ofhuelung Activity Box: Beweegt Iech, spillt, liest, sidd zesummen!“ un. ».

Wann dir keen RVD fannt deen Iech passt, da kuckt w.e.g. reegelméisseg eran, et komme lafend nei RDV’e bäi.

Wat ass alles dran a wéi kënnt Dir et notzen?

Eng Wallis voller Iddien! D’Activity Box ass eng flott Saach, fir mat op d’Rees ze huelen: bei d’Boma, bei Kolleegen, bei den Dokter, an de Restaurant asw. Als Alternativ zum Bildschierm bitt si allerlee Iddien, fir sech ze ameséieren an ze beschäftegen.

Um Deckel wimmelt et! Den Deckel vun dëser Wallis ass e Wimmelbild. Aacht kleng Figure verstoppen sech op dësem Bild. Sicht se, entdeckt se a beschreift se!

Gitt op d’Rees mam Will a mam Mich! Am Billerbuch „De Will an de Mich“ huelen Iech de Will (de klengen Af) an de Mich (de klenge Fuuss) mat an hir Welt. Dës Geschicht ass voller Iddie fir ze spillen, sech ze beweegen an Neies ze entdecken.

Spillt Ären eegene Poppentheater! D’Läppercher kënnen als Handpoppe genotzt ginn. Et sinn de Will an de Mich aus der Geschicht. Si kënne benotzt ginn, fir de Kanner d’Geschicht ze erzielen oder hëllefen, Momenter wéi déi vum „sech wäschen“ spilleresch ze gestalten.

Wierfelt a beweegt Iech! Mam Beweegungswürfel kënnt Dir ëmmer nei Beweegungsübungen ausprobéieren.

Moolt iwwerall! Fir mol méi laang Waardezäiten ze iwwerbrécken, z. B. am Restaurant oder beim Dokter, ass e Molbuch mat Bläistëftsfaarwen an der Wallis.

Spaass mat der Raup Pastell! Fir ze triwwelen an ze spillen, huet sech déi kleng Raup Pastell aus Holz an dëser Wallis verstoppt.

Verkleet, verstoppt a kuschelt Iech! Mam Spillduch ka geschmuust, gedanzt, sech verstoppt a sech verkleet ginn. De Spilliddie si keng Grenze gesat. 

Plaz fir weider Spillsaachen! Niewent all de flotte Saache bleift an der Wallis nach genuch Plaz fir eege Spiller, Bicher oder de Liblingspetzi.

7 Tipps fir eng gesond Screen-Life-Balance! Am Elterebréif fannt Dir 7 Iwwerleeungen zu dem gesonden Ëmgang mat Ecranen an engem alldeegleche Gläichgewiicht zu Spill, Liesen, Beweegen, Entdecken an Erfarunge sammelen.

Um Flyer sti weider Informatiounen iwwert de Service Eltereforum:

  • wou Dir eis fannt,
  • wat mir ubidden,
  • wéi mir Iech bei Ären alldeegleche Froe beroden a begleede kënnen.

Lidd a Reim


Lidd a Reim aus dem Buch „Sang a sprang mat mir“ vum Martine Majerus an Dominique Steiner.

Audioopnamen: Dominique Steiner
Klavier: Jos Majerus
Gittar: Riaz Khabirpour
Bass: Marc Demuth
Perkussioun Benoît Martiny
Tountechnik Michael Flick

Aaf

Feedback

Wéi gefält Iech d’Activity Box? Deelt Är Andréck mat eis!

D’Activity Box gouf am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend entwéckelt.

Esouwuel d’Valise wéi och d’Pixi-Buch, de Beweegungswürfel an d’Molbuch sinn an Zesummenaarbecht mat der Illustratrice Lynn Cosyn entstanen.

Zesummegestallt gouf d’Activity Box mam Atelier protégé vum Bieschbecher-Atelier.

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.