DEELEN

Atelier fir Elteren “Versteesdemech” (LU)

Workshop for parents

Elterlech Kompetenzen erkennen, aktiveiren an notzen mat Hëllef vun der “Marte Meo Method”

LU
Eltere sinn am alldeegleche Mateneen dacks vill gefuerdert. D’Zäit leeft ëmmer méi séier a gläichzäiteg steigen d’Uspréch un déi eegen elterlech Expertise.
Zu verschiddenen Terminer gëtt e Kaader geschaaft, deen et erméiglecht sech als Elteren Zäit ze gënnen. Mat Beispillvideos vun der Methode Marte Meo ginn Elementer vun Elteren-Kand Interaktioune bildlecht duergestallt a bewosst gemaach. Schrëtt fir Schrëtt gëtt duerch eng einfach a konkret Sprooch erkläert, wéi Dir d’Entwécklung vun Ärem Kand kéint aus eegener Kraaft a konkrete Situatiounen am Alldag ënnerstëtzen a sech doduerch schwiereg Situatiounen « wéi vu selwer » opléisen.

FR
Les parents sont très sollicités dans les relations quotidiennes et à une époque où tout semble s’accélérer. En même temps, les exigences envers leur propre expertise parentale augmentent.
À travers différentes séances il s’agit de s’accorder le temps nécessaire pour se développer en tant que parent. Grâce à des exemples vidéo de la méthode Marte Meo, les éléments des interactions parents-enfants sont présentés de manière claire et font l’objet d’une prise de conscience. Pas à pas, un langage simple et concret explique comment vous pouvez stimuler le développement de votre enfant par vos propres moyens dans des situations concrètes du quotidien familial et comment les situations difficiles peuvent se résoudre « comme par enchantement ».

DE
Eltern sind im alltäglichen Miteinander und in einer Zeit, welche stets schneller zu laufen scheint, sehr gefordert. Gleichzeitig steigen die Ansprüche an die eigene elterliche Expertise.
Über unterschiedliche Termine hinweg gilt es, sich als Eltern Zeit für die eigene Entwicklung innerhalb der Familie zu gönnen. Mittels Beispielvideos der Methode Marte Meo werden die Elemente unterstützender Eltern-Kind Interaktionen anschaulich dargestellt und bewusst gemacht. Schritt für Schritt wird durch eine einfache und konkrete Sprache erläutert, wie Sie die Entwicklung ihres Kindes aus eigener Kraft in konkreten Situationen des familiären Alltags anregen und sich schwierige Situationen dabei « wie von selbst » auflösen können.

EN
Parents are very challenged in their day-to-day interactions and in a time that always seems to be moving faster. At the same time, the demands on their own parental expertise are increasing.
Across different sessions, the aim for parents is to allow themselves time for development. Using sample videos of the Marte Meo method, the elements of supportive parent-child interactions are clearly presented and made aware of. Step by step, simple and concrete language is used to explain how you can stimulate your child’s development through your own efforts in specific everyday family situations and how difficult situations can resolve themselves.

 

Programme/Program:

04.02.2025 (Freie Situationen)

04.03.2025 (Strukturierte Situationen)

01.04.2025 (Spiel und Kooperation)

 

Kontakt/Contact & Informatioun/Information :

Dirk Falkenstein, Regional Coordinator

qvex.snyxrafgrva@zra.yh / rygrersbehz.yberagmjrvyre@zra.yh

Tel.: 621 520 403

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.