Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg

luxembourg.lu   guichet.lu   gouvernement.lu   Aner Säiten

4 - 12 Joer
13 - 18 Joer
cours-en-parentalite
Prestataire
Eltereschoul | Eltereforum Niederanven
Intervenant de l’activité
Michael Carvalho Pinto
Fonction de l’intervenant
Pédagogue
Coût de l’activité
Gratuit
Parking derrière le Centre de Formation.
Arrêts de bus les plus proches : Senningen, Um Kiem et Senningen, Kierch.

DEELEN

DigiWorld – Sozial Medien duerch de Brell vun eise Kanner (LU)

Dëse Cours féiert eis duerch d’Welt vun de Soziale Netzwierker an erkläert wéi se vu jonke Leit gesi ginn. Mier leieren ze verstoe wei déi Jonk vun haut an hirem Alldag déi verschidde sozial Medien wei SnapChat, Tik Tok, instagramm , youtube asw benotzen…. Wat sinn déi aktuell  Trends, wat sinn Geforen an wat ass vlait souguer fir déi ganz Famill interessant? Zum Schluss vum Training wäerten mer eis mat der Fro beschäftegen weieng Roll d’Elteren an der digitaler Welt vun hiren Kanner spillen. Theoretescht Wëssen an praktesch Beispiller treffen op dësem Training openeen.

 

Kontaktpersoun Eltereschoul :

Simone Schammo

Tel. 691 293 774

fvzbar.fpunzzb@xnaarefpuynff.yh

 

Kontaktpersoun Eltereforum :

Claudine Bremer

GSM: 621 108 265

rygrersbehz.avrqrenaira@zra.yh

 

Adresse vun der Aktivitéit :

Centre de formation “Am Bongert”

128, rte de Trêves, L-6960 Niederanven

 

 

 

 

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.