Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
4 - 12 Joer
activite-parents-enfants
Prestataire
ErwuesseBildung
Coût de l’activité
Gratis. Mir géifen eis iwwert een klengen Don freëen.
DEELEN

E Liesmoien mat Hond (LU)

E Liesmoien zum Thema “Du bass genau richteg” mat spezielle Gaascht: dem Willy de Stroossenhond.

Dësen Event fënnt am Kader vun «Growing together» vun der EwB statt.

E Liesmoien zum Thema “Du bass genau richteg” mat spezielle Gaascht: dem Willy de Stroossenhond.
De Willy de Stroossenhond aus Portugal hat et a sengem Liewen net einfach. Ee Stéck vum Ouer feelt an en huet iwwerall Beesspuren. Trotzdeem huet de Willy d’Vertrauen an d’Liewen net verluer. (Virun allem net d’Freed um Iesse 😉)
De Willy Begleet eis bei dësem Liesmoien zum Thema: “Du bass genau richteg”, well och wann de Willy zimmlech Ramponéiert ausgesäit, ass hien dach gutt esou wéi en ass.
Sou geet et och den Haaptcharakteren an deenen zwee Bicher wou dëse Moie behandelt ginn. D’Bicher an de Willy déngen als Virbild fir dëse Moie wärend dem Elteren sech mat de Kanner op d’Sich no de Schätz a Stäerkte vun hirem Nowuess maachen. Perfekt fir bei der Rentrée d’Selbstbewosstsi vu sengem Kand ze stäerken.
Fir déi grouss Ënnerstëtzung vum Willy kritt den Éieregaascht zum Schluss natierlech vun all wëllegem Deelhuelen ee Leckerli ausgedeelt.
(W.e.g bei der Umeldung de Numm an den Alter vum Kand uginn. Merci)

Fir Kanner vun 5 – 7 Joer, hier Elteren an/oder Begleetpersoun

Umeldung bis den 19.09.2024

Trainer*in : Leslie Fischbach & Myriam Vinandy

Kontakt & Informatioun : vasb@rjo.yh