DEELEN

Individueller Austausch für zukünftige Eltern

Échange individuel pour futurs parents (LU/FR/DE/EN)

Entretien psychosocial avant la naissance d’un bébé

LU
An engem Gespréich bidden mir zukünftege Mammen a Pappen e séchere Raum, fir iwwer dat ze schwätzen, wat si beschäftegt : d’Bezéiung mam Partner déi sech verännert, d’Erzéiung vum Kand, d’Organisatioun vum Alldag oder déi perséinlech Verännerungen déi dës Liewensphase mat sech bréngt.

Mir lauschtere no, ënnerstëtzen iech a sichen zesummen no Weeër déi iech gutt dinn.

Kontaktéiert eis iwwer rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh fir e Rendez-vous auszemaachen.

DE

In einem Gespräch bieten wir werdenden Müttern und Vätern einen sicheren Raum, um über das zu sprechen, was sie beschäftigt: die sich verändernde Beziehung zum Partner, die Erziehung des Kindes, die Organisation des Alltags oder die persönlichen Veränderungen, die diese Lebensphase mit sich bringt. Wir hören zu, unterstützen euch und suchen gemeinsam nach Wegen.

Kontaktieren Sie uns über rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh für einen Termin auszumachen.

FR

Lors d’un entretien, nous offrons aux futurs parents un espace sûr où ils peuvent parler de ce qui les préoccupe : l’évolution de leur relation avec leur partenaire, l’éducation de l’enfant, l’organisation du quotidien ou encore les changements personnels qu’entraîne cette nouvelle étape de la vie.

Nous sommes à votre écoute, nous vous soutenons et, ensemble, nous cherchons des solutions qui vous conviennent.

Contactez-nous sur rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh pour fixer un rendez-vous.

EN

In a conversation, we offer expectant mothers and fathers a safe space to talk about what’s on their minds: the changing relationship with their partner, raising the child, organising everyday life, or the personal changes that this phase of life brings.

We listen, support you and together we look for ways that work for you.

Please contact us at rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh to arrange an appointment.

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.