An den éischte Méint geet et haapsächlech ëm déi kierperlech an affektiv Fleeg vum Baby, mee lues a lues trëtt och déi erzéieresch Verantwortung ëmmer méi ervir. Dëse Workshop wëll déi zukünfteg Elteren net nëmme fir d’Erzéiung sensibiliséieren, mee hinnen och eng Plattform ginn, fir sech am Grupp zu dësem Theema auszetauschen.
E Kand erzéien: eng Viraussetzung fir dass et gutt grouss gëtt. D’Rolle vum Papp a vun der Mamm: Ressourcen a Kompetenzen. D’Elterekoppel: eng nei Erausfuerderung. Den Alldag an der Famill gestalten
Intervenante : Simone Schammo
Kontaktpersoun Eltereforum :
Claudine Bremer
GSM: 621 108 265
Rygrersbehz.avrqrenaira@zra.yh