DEELEN

Influencer – Behind the « likes »: The hidden truth (EN)

Influenceur-derrière les « J’AIME » : La vérité cachée

Cette formation nous guide dans l’univers des réseaux sociaux et explique comment ceux-ci sont perçus par les jeunes. On comprendra également comment le public-cible utilise SnapChat, TikTok, Instagram, YouTube, … au quotidien, ainsi que des tendances actuelles qui peuvent être dangereuses et d’autres intéressantes à faire en famille. Finalement, on verra quel rôle les parents peuvent jouer dans la vie numérique de leur enfant. Une formation dotée de théorie basique et riche en cas de figures pratiques offerte par un influenceur luxembourgeois!

Influencer-hannert de “LIKES”: déi verstoppte Wourecht

Des Formatioun féiert eis duerch d’Welt vun de sozialen Netzwierker an erkläert wéi se vu jonke Leit gesi ginn. Mir wäerten och verstoe wéi d’Zilpublikum SnapChat, TikTok, Instagram, YouTube, … all Dag benotzt. Ausserdeem gesi mir aktuell Trends déi geféierlech sinn an anerer déi der Famill interessant Infoe brengen. Schlussendlech, probéiere mir erauszefannen, wéi eng Roll d’Elteren am digitale Liewe vun hire Kanner spille kënnen. Eng Formatioun mat Basistheorie a räich u praktesche Beispiller déi vun engem Lëtzebuergeschen Influencer gehaalen gëtt!

Influencer-behind the „LIKES“: The hidden truth

This training guides us through the world of social networks and explains how young people perceive them. We will also understand the way the target audience uses SnapChat, TikTok, Instagram, YouTube, … on a daily basis. We are going to discover current trends that can be dangerous and others that can be interesting to do as a family. Finally, we try to find out how parents can be involved in their child’s digital life. A training with basic theory and rich in practical examples that is given by a Luxembourgish influencer!

For parents from children 10-16 years.

Kontakt & Informatiounen: rygrersbehz.oregenatr@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.