DEELEN

Informatiounen a Rotschléi fir d’Sproochentwécklung z’ënnerstëtzen.

Info-Sproochentwécklung (LU)

LU

D’Studie weisen, dass eng gesond Entwécklung vun der Sprooch an der Kommunikatioun essentiel fir di sozial a schoulesch Evolutioun vun de Kanner ass. Wéi d’Majoritéit vun de jonken Eltere, stellt dir Iech bestëmmt vill Froen zu där Entwécklung: Wéi fërderen ech d’Sprooch vu mengem Kand richteg? Wéi soll ech mat Méisproochegkeet ëmgoen? Wéi bewältegen ech d’Ecranen? Wat maache, wann d’Sproochentwécklung vu mengem Kand schwiereg virugeet?
Mir proposéieren iech eng Info-Versammlung mat 2 spezialiséierten Orthophonistinnen vum Service audiophonologique. Si erklären Iech d’Etappe vun der normaler Sproochentwécklung a ginn Iech praktesch Rotschléi fir eng adequat Sproochfërderung. Dono hutt dir och d’Geleeënheet är Erfarunge mat den aneren Elteren auszetauschen a méi spezifesch Froen ze stellen.

Sprooch : Lëtzebuergesch

FR

Les études montrent qu’un développement sain du langage et de la communication est essentiel pour l’évolution sociale et scolaire des enfants. Comme la plupart des jeunes parents, vous vous posez sans doute de nombreuses questions concernant ce développement: Comment stimuler la communication correctement? Comment gérer le multilinguisme? Doit-on éviter les écrans? Que faire si le langage n’évolue pas?
Nous vous proposons une rencontre avec les orthophonistes du Service audiophonologique qui vous expliqueront les étapes du développement du langage et vous proposeront des conseils pratiques pour sa stimulation adéquate. Vous aurez également l’occasion d’échanger avec les autres parents et de poser vos
questions plus particulières.

Langue : Luxembourgeois

EN

Studies show that healthy language and communication development is essential for our children’s social and academic growth. Like most young parents, you probably have many questions about this development: How can you properly stimulate communication? How should you manage multilingualism? Should screens be avoided? What should you do if language development is delayed?
We offer you an information session with 2 specialized Speech and Language Therapists from the Service audiophonologique. They will explain the stages of language development and provide practical advice for proper stimulation. You will also have the opportunity to interact with other parents and ask specific questions.

Langage : Luxembourgish

Kontakt & Informatiounen:

rygrersbehz.zneanpu@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.