DEELEN

Je bouge – Quelles sont les étapes importantes entre 0 et 2 ans (FR)

Je bouge – Quelles sont les étapes importantes entre 0 et 2 ans

 

FR

Je bouge – Quelles sont les étapes importantes entre 0 et 2 ans

Dans cette présentation interactive, nous abordons les premières étapes du développement sensorimoteur du jeune enfant :

Quand est-ce que mon enfant sait faire quoi ?

Quelle importance donner au 4-pattes ?

L’objectif premier est-il que mon enfant marche ?

Quand est-ce que mes soucis sont justifiés ?

Qu’est-ce qu’il faut de plus pour un développement psychomoteur harmonieux ?

Comment puis-je soutenir mon enfant et que faut-il éviter ?

 

LU

Ech beweege mech – Wat sinn déi wichtegst Schrëtt vun 0 bis 2 Joer?

An dësem interaktive Virtrag gi mer op déi éischt Etappe vun der senso-motorescher Entwécklung vum Kand an:

Wéini soll mäi Kand wat kënnen?

Wéi ass déi Saach mam Krabbelen?

Goe kënnen ass wichteg – a wat ass mam Rescht?

Wéini muss ee sech Suerge maachen ?

Wat brauch et nach fir eng harmonesch Beweegungsentwécklung?

Wéi kann ech mäi Kand ënnerstëtzen a wat soll ech vermeiden?

 

EN

I move – Which steps are important between 0 and 2 years?

In this interactive presentation, we look at the first stages of a young child’s sensorimotor development:

When can my child do what?

How important is crawling?

Is the primary goal to get my child walking?

When are my concerns justified?

What else is needed for a harmonious sensory motor development?

How can I support my child and what should I avoid?

 

Spriecher:

Tilly Jodocy, Psychomotricienne

Corinne Majerus, Ergothérapeute

 

Information Eltereschoul: rygrerfpubhy@xnaarefpuynff.yh

 

Kontakt & Informatiounen:

rygrersbehz.avrqrenaira@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.