Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
Schwangerschaft – 3 Joer
4 - 12 Joer
13 - 18 Joer
soirees-thematiques-et-conferences
DEELEN

„Launch Event“ am Kader vun der Weiderentwécklung vum “KJT & Elterentelefon (LU/EN)”

Mir freeën eis mat iech ze feieren a lueden iech fir den 12.10. um 18:45 Auer an de Kino Utopia op eise grousse „Launch Event“ an. Hei verëffentleche mir en neie Videoclip iwwert den Elterentelefon produzéiert vum Tun Biever (Two Steps Twice), ënnert der Regie vum Kiyan Agadjani.

Reservéiert är Platzen hei: https://tinyurl.com/5n6vbhvy  (gratis Event).

Fir den offizielle Launch ofzeschléisse weise mir, mat der Ënnerstëtzung vu Luxfilmfest, de Film: The Sleeping Beast (Estesch OV mat EN Ënnertitel) mat uschléissend enger Diskussiounsronn an engem Patt. Mir géifen eis freeën, mat iech zesummen dës Weiderentwécklung vum KJT ze feieren.

Fir weider Informatiounen : https://www.kjt.lu

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.