Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
4 - 12 Joer
activite-parents-enfants
Prestataire
ErwuesseBildung
Intervenant de l’activité
Fabienne Michaux
Coût de l’activité
Gratis. Mir schloen een 5€ Don vir, mee Dir gitt, wat Dir kënnt a wëllt
DEELEN

Lëtz talk about : Wou kommen d’Puppelcher hier (LU)

Een opklärende Famillienatelier mam Fabienne Michaux
Als Elteren huet een et net ëmmer einfach iwwert Béien a Bléie mat de Kanner ze schwätzen. Heiansdo steet een sech mat senger eegener Erfarung oder Astellung zu dem Thema selwer am Wee oder et weess een net wat een op déi virwëlzeg Froe vu senge Kanner äntwere kann.
Am dësem pedagogeschen Atelier „Wou kommen d’Puppelcher hier“ erkläert eis d’Hiewan a Sexologin Fabienne Michaux unhand vun der Hexe Cardamome wou d’Puppelcher hier kommen. Mat altersgerechtem Material an Aktivitéite gëtt gewise wou d’Somzell hier kennt a wou se sech (meeschtens) mat der Eezell trefft.
Dësen Opklärungsatelier riicht sech un Kanner aus dem zweeten an drëttem Schouljoer mat hieren Elteren.

D’Umeldungen gin bis den 11/10/2023.

Weider Informatiounen ënnert : vasb@rjo.yh

 

 

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d’ Recht, eng Fiche vun de perséinlechen Donnéeë vun Iech anzefuerderen, déi mir gespäichert hunn. Dir kënnt och d’ Korrekture vu falsche perséinlechen Donnéeën an d’ Läsche vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeë fuerderen, wann d’ Späichere vun de Donnéeën net méi noutwendeg ass. Dëst gëllt net fir Donnéeë, déi fir administrativ oder juristesch Zwecker oder aus Sécherheetsgrënn gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.