DEELEN

My best friend AI. Wa Kanner mat ChatGPT iwwert hir Problemer schwätzen

LU

Kanner vun haut wuesse mat Technologien op, déi mat hinne schwätzen, mat hinne spillen, hinne Geschichten erzielen a bei hiren Hausaufgaben hëllefen. Awer wéi beaflosst et hir Entwécklung, wa Maschinnen d’Roll vun engem soziale Partner iwwerhuelen ?

Op dësem Owend erklären d’Charlotte Pull (Psychotherapeutin) an d’Nora Schleich (Philosophin) d’Erausfuerderungen, déi dat fir d’Familljen an d’Gesellschaft mat sech bréngt. Si weisen, wéi Kanner eng Bindung zu nët-menschleche Maschinnen opbauen an firwat d’Elteren an dëser technescher Welt eng wichteg Roll spillen.

Den Owend riicht sech un Elteren, Erzéiungsberoder an all déi, déi un dësem Thema interesséiert sinn. Et bitt e Raum fir Diskussioun a weist, wéi mënschlech Bezéiungen och am digitale Zäitalter am Mëttelpunkt kënne bleiwen.

 

DE

Kinder wachsen heute in einer Welt auf, in der smarte Lautsprecher Märchen erzählen und KI-Chatbots bei den Hausaufgaben helfen oder als geduldige Spielpartner fungieren. Doch welche Auswirkungen hat es auf die kindliche Entwicklung, wenn Maschinen als soziale Akteure auftreten?

In dieser Veranstaltung beleuchten Charlotte Pull (Psychotherapeutin) und Nora Schleich (Philosophin) die Herausforderungen für Familien und die Gesellschaft. Wir analysieren aus psychologischer Sicht, wie Kinder Bindungen zu nicht-menschlichen Wesen aufbauen und welche Rolle die Eltern als „Bindungsanker“ in einer technisierten Welt spielen. Philosophisch hinterfragen wir den gesellschaftlichen Erziehungsauftrag: Wollen wir eine Generation heranziehen, die Empathie an Maschinen delegiert? Das Event bietet Eltern, Pädagogen und Interessierten einen Raum, um über den verantwortungsvollen Umgang mit emotionaler KI zu diskutieren und Strategien zu entwickeln, wie die menschliche Verbindung im digitalen Zeitalter das Primat behält.

 

Inscription par Email:

vasb@rjo.yh 

 

Kontakt:

rygrersbehz.orggrzobhet@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.