DEELEN

Op e gemittleche Kaffi mat der Lëtzebuerger Literatur!

Luxembourgish literature circle / Cercle de lecture luxembourgeoise

LU

Wëllkomm an eiser Literaturronn fir Lëtzebuerger Literatur! An enger gemittlecher Ronn bei engem Kaffi oder Gedrénks liese mir ausgewielte Wierker aus der Lëtzebuerger Literatur a schwätzen iwwert d’Geschichten, d’Themen an d’Stëmmung vun de Bicher. Dëst ass eng flott Geleeënheet, fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze üben an ze verbesseren – egal ob dir Mammesproochler sidd oder Lëtzebuergesch eréischt geléiert hutt. Eis Diskussioune si locker gehalen, sou datt jiddereen seng Gedanke fräi deelen an déi verschidde Perspektiven entdecke kann.

Kommt a genéisst Literatur, Austausch a Pleséier un der Sprooch an enger entspaanter Atmosphär!

Mir organiséieren dëse Literaturkaffi zesumme mam Eltereforum Belval. Kanner si wëllkomm, also bréngt se gären mat!

EN

Join our cozy Luxembourgish literature circle! Over coffee or a drink, we’ll dive into stories and themes from Luxembourgish authors and explore different perspectives together. It’s the perfect chance to practice Luxembourgish – whether you’re fluent or just learning. Relaxed discussions mean everyone can jump in and enjoy the exchange, culture, and good company.

Come be part of this unique experience!

We are organizing this literary café in collaboration with the Eltereforum Belval. Children are welcome, so feel free to bring them along!

FR

Rejoignez notre cercle de lecture luxembourgeoise ! Autour d’un café ou d’un verre, nous plongerons dans les histoires et les thèmes des auteurs luxembourgeois et explorerons ensemble différentes perspectives. C’est l’occasion idéale pour pratiquer le luxembourgeois – que vous soyez fluent ou débutant. Des discussions détendues permettent à chacun de participer et de profiter de l’échange, de la culture et de la bonne compagnie.

Venez faire partie de cette expérience unique !

Nous organisons ce café littéraire en collaboration avec le Eltereforum Belval. Les enfants sont les bienvenus, alors n’hésitez pas à les emmener avec vous !

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.