DEELEN

Pause dansante

Un duo à inventer par le mouvement et le toucher: pour parents avec bébé

LU

E Kierper deen sech ännert, e Bébé deen wiisst, e Band dat sech entwéckelt… gënn der eng wäertvoll Zäit fir ze danzen, ze ootmen an ze spieren – zesummen.
All Seance ass eng Invitatioun fir:

  • De Bëbee bewosst ze droen an sech selwer droe ze loossen.
  • Kierperlech Ressourcen bei Stress a Middegkeet ze fannen.
  • Kierper a Geescht duerch Beréierung a Beweegung ze entspanen.

An engem häerzleche Kader begéinen sech d’Elteren, Bëbeeën erwächen, an d’Kierper gi méi staark a méi flexibel.

FR

Un corps qui change, un bébé qui grandit, un lien qui se tisse…
Offrez-vous un temps précieux pour danser, respirer, ressentir — ensemble.
Chaque séance est une invitation à :

  • Se porter et porter le bébé avec conscience.
  • Trouver des ressources corporelles en cas de stress et de fatigue.
  • Détendre le corps et l’esprit à travers le toucher et le mouvement.

Dans un cadre bienveillant, les parents se rencontrent, les bébés s’éveillent, les corps se renforcent et s’assouplissent.

DE

Ein Körper, der sich verändert, ein Baby, das wächst, ein Band, das sich knüpft… gönnen Sie sich eine wertvolle Zeit zum Tanzen, Atmen und Fühlen – gemeinsam.
Jede Sitzung ist eine Einladung:

  • Sich tragen zu lassen und das Baby bewusst zu tragen.
  • Körperliche Ressourcen bei Stress und Müdigkeit zu finden.
  • Körper und Geist durch Berührung und Bewegung zu entspannen.

In einem achtsamen Rahmen begegnen sich Eltern, Babys erwachen, und die Körper werden gestärkt und geschmeidiger.

EN

A changing body, a growing baby, a bond that unfolds… treat yourself to a precious moment to dance, breathe, and feel – together.
Each session is an invitation to:

  • Carry and be carried with awareness.
  • Find physical resources in times of stress and fatigue.
  • Relax body and mind through touch and movement.

In a caring environment, parents connect, babies awaken, and bodies strengthen and become more flexible.

 

Contact & Information: 

Rygrersbehz.oregenatr@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.