DEELEN

Retour au travail (LU, FR, DE)

Zeréck op d’Aarbecht

LU:

Themateschen Elterentreff : “Zeréck op d’Aarbecht no engem Congé parental oder Congé de maternité.”

Dir gitt geschwënn no engem Congé parental oder engem Congé de maternité nees schaffen ? Villäicht ass dat bei iech ewéi bei villen Elteren, e Moment dee vill Gefiller, Froen an Onsécherheeten obwäerft.

An engem flotten a gemittleche Kader proposéiere mir iech e klengen Austausch zu dëser ganz besonnescher Phase. Tauscht iech mat aneren Elteren aus, deelt är Froen a Gedanken a profitéiert vun den Erfarungen vun Elteren, déi dëst schonn erlieft hunn.

Zousätzlech kritt dir och e puer konkret Pisten, déi iech bei dëser neier Etappe begleede kënnen.

Dir hutt dës Etappe schonn duerchlaf? Dann ass dësen Elterecafé fir iech eng Méiglechkeet aner Elteren ze begéinen an är Erfarungen un aner Eltere weiderzeginn.

Den Elterecafé ass gratis an d’Kanner sinn natierlech wëllkomm.

Sou dat mir eis gutt preparéiere kënnen a vu dat d’Unzuel vun de Leit begrenzt ass, géife mir iech bieden, iech anzeschreiwen.

FR:

Rencontre des parents thématique: « Retour au travail après un congé parental ou un congé de maternité ».

Le retour au travail après un congé de maternité ou un congé parental constitue pour beaucoup de parents un moment chargé d’émotions, de questions et d’incertitudes.

Dans un cadre agréable et bienveillant, nous vous proposons un échange autour de cette phase particulière. Entrez en contact avec d’autres parents, partagez vos questions, vos réflexions, profitez des expériences d’autres personnes et recevez quelques pistes concrètes afin de vous accompagner lors de cette transition.

Vous avez déjà traversé cette étape ? C’est l’occasion pour vous d’entrer en contact avec d’autres parents et de partager vos expériences.

Le café des parents est gratuit et les enfants sont les bienvenus.

Vu le nombre limité de participants, nous vous demandons de vous inscrire.

DE:

Thematischer Eltentreff: “Rückkehr zur Arbeit nach dem Mutterschutz oder der Elternzeit”

Die Rückkehr zur Arbeit nach dem Mutterschutz oder der Elternzeit ist teilweise von Emotionen und Unsicherheiten geprägt.

In einem angenehmen Rahmen können Sie sich mit anderen Eltern austauschen und Ihre Fragen stellen. Dabei können Sie von den Erfahrungen der Eltern profitieren, die diese Phase schon erlebt haben. Zusätzlich erhalten Sie Ideen, die Sie durch diese Übergangszeit begleiten.

Der Elterntreff ist gratis und Kinder sind willkommen.

Aus organisatorischen Gründen würden wir Sie bitten, sich einzuschreiben.

Info:

Madeleine Peran

znqryrvar.crena@zra.yh

621 421 732

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Vous avez le droit de demander un fichier contenant toutes les données personnelles que nous possédons à votre sujet. Vous pouvez également demander la rectification de données personnelles incorrectes et la suppression de quelques ou de toutes vos données personnelles lorsque le stockage de ces dernières n’est plus nécessaire. Cela ne prend pas en compte les données stockées à des fins administratives, légales ou pour des raisons de sécurité.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.

Aller au contenu principal