DEELEN

Ofhuelung Activity Box: Beweegt Iech, spillt, liest, sidd zesummen!

Pick-up Activity Box: Beweegt Iech, spillt, liest, sidd zesummen!

LU

All Eltere vu Kanner am Alter vun 1 bis 3 Joer dierfe gratis eng Activity Box bestellen an se an ee vun den Eltereforen uechtert d’Land siche kommen. All Famill huet Usproch op 1 Activity Box.

D’Activity Box bitt vill Iddie fir Aktivitéite ronderëm d’Beweegung, d’Spill an d’Interaktioun. Si kann Iech dobäi ënnerstëtzen, Familljenzäit ouni Bildschierm ze genéissen. An der Valise fannt der Bicher, Spiller a pädagogesch Materialien. De Mich, dee klénge Fuuss, an de Will, dee kléngen Af, lueden Iech an hier Spillwelt an. D’Activity Box doheem genotzt ginn an se kann iwwerall hi mat: bei d’Grousselteren, bei d’Frënn, oder bei den Dokter…

FR

All Eltere vu Kanner am Alter vun 1 bis 3 Joer dierfe gratis eng Activity Box bestellen an se an ee vun den Eltereforen uechtert d’Land siche kommen. All Famill huet Usproch op 1 Activity Box.

L’Activity Box offre plein d’idées d’activités autour du mouvement, du jeu et de l’interaction. Elle peut vous soutenir à profiter de temps en famille sans écran. Dans la valise vous trouvez des livres, des jeux et des matériels pédagogiques. Mich, le petit renard et Will, le petit singe, vous invitent dans leur monde ludique. L’Activity Box peut être utilisée chez et soi tout comme en route: chez les grand-parents, les amis ou chez le docteur…

DE

Alle Eltern von Kindern im Alter von 1 bis 3 Jahren können kostenlos eine Activity Box bestellen und diese in einem der Elternforen im ganzen Land abholen. Jede Familie hat Anspruch auf 1 Activity Box.

Was muss ich tun?

Die Activity Box bietet viele Ideen für Aktivitäten rund um Bewegung, Spiel und Interaktion. Sie kann Sie dabei unterstützen, Familienzeit ohne Bildschirm zu genießen. In dem Koffer finden Sie Bücher, Spiele und pädagogische Materialien. Mich, der kleine Fuchs, und Will, der kleine Affe, laden Sie in ihre Spielwelt ein. Die Activity Box kann sowohl zu Hause als auch auch unterwegs genutzt werden: sie kann mit zu Großeltern, Freunden oder zum Arzt…

EN

All parents of children aged 1 to 3 years can order a free Activity Box and pick it up at one of the parental forums across the country. Each family is entitled to 1 Activity Box.

The Activity Box is full of ideas for activities based on movement, play and interaction. It can help you enjoy screen-free family time. In the suitcase you’ll find books, games and pedagogical materials. Mich, the little fox, and Will, the little monkey, invite you into their playful world. The Activity Box can be used at home and on the road: to grandparents, friends or to the doctor’s… 

 

Kontakt/Kontakt & Informatioun/Informatiounen:

rygrersbehz.yberagmjrvyre@zra.yh

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.