DEELEN

Thematesche Spillgrupp / Groupe de jeu thématique/ Themed play-group

Thematesche Spillgrupp / Groupe de jeu thématique/ themed Play-group

LU
Relax an d’Vakanz – Spilliddien fir ënnerwee

D’Vakanz steet virun der Dir, mee wat kann ee maachen, dass d’Rees esou entspaant wéi méiglech gëtt? An dësem Spillgrupp stelle mir iech e puer kreativ, einfach a bildschirmfräi Iddie fir ënnerwee fir. Egal op Spiller, Rätsel oder Tipps fir ënnerwee, hei kritt dir e puer Inspiratioune wéi de Start a d’Vakanz fir d’Kanner (an d’Elteren!) méi entspanend gëtt. Bréngt och gären är Iddien an Tipps mat.Verbréngt e flotte Moment a begéint aneren Eltere bei enger Taass Kaffi oder Téi an engem gemittleche Kader.
Am Spillgrupp kommen Aer Kanner a Kontakt mat Gläichaltregen a gläichzäiteg ass et eng Geleeënheet fir Iech, aneren Elteren ze begéinen an och fir Froen ze stellen, déi an Aerer aktueller Situatioun optrieden.
Aer Kanner kenne fräi spillen. Dir kritt awer och d’Méiglechkeet nei Spiller z’entdecken an flott Spillsituatiounen mat ze gestalten.

Vu dat d’Platze limitéiert sinn a sou dat mir eis besser preparéiere kënnen, géife mir iech bieden, iech anzeschreiwen.

 

FR
Partir en vacances en toute sérénité – des idées de jeux pour la route

Le départ en vacances est imminent – mais que faire contre l’ennui en voiture ? Dans ce groupe de jeu, nous vous présentons des idées d’occupation créatives, simples et sans écran pour la route. Jeux, devinettes, conseils : vous trouverez ici de l’inspiration pour rendre le trajet plus agréable pour les enfants (et les parents !). N’hésitez pas à apporter vos propres idées et expériences. Venez passer un moment de plaisir en rencontrant d’autres parents autour d’une tasse de café ou de thé. Le groupe de jeu offre aux enfants des échanges avec des enfants de leur âge et aux adultes la possibilité de nouer de nouveaux contacts ou de poser des questions qui se posent dans leur situation actuelle. Vos enfants peuvent jouer librement mais vous avez aussi la possibilité de construire des moments de jeu et de partage avec votre enfant et y découvrir de nouvelles idées.

Vu que les places sont limitées et afin de mieux nous préparer, nous vous demandons de bien vouloir vous inscrire.

 

DE
Entspannt in den Urlaub – Spielideen für unterwegs

Die Urlaubsfahrt steht vor der Tür – aber was tun gegen Langeweile im Auto? In dieser Spielgruppe stellen wir Ihnen kreative, einfache und bildschirmfreie Beschäftigungsideen für unterwegs vor. Spiele, Rätsel, Tipps : Hier finden Sie Inspiration, wie die Fahrt für Kinder (und Eltern!) angenehmer wird. Bringen Sie auch gerne eigene Ideen und Erfahrungen mit – der Austausch untereinander ist herzlich willkommen!
Kommen Sie vorbei, verbringen Sie eine gute Zeit bei einer Tasse Kaffee oder Tee und treffen sie andere Eltern. Die Spielgruppe bietet sowohl den Kindern Austausch mit gleichaltrigen, als auch den Erwachsenen, die Möglichkeit neue Kontakte zu knüpfen und Fragen zu stellen, die in ihrer aktuellen Situation auftreten. Die Kinder können frei spielen.

Da die Plätze begrenzt sind und damit wir uns besser vorbereiten können, bitten wir Sie, sich anzumelden.

EN
Relaxing trips on holiday – game ideas for on the go

The holiday journey is just around the corner – but what can you do to prevent boredom in the car? In this playgroup, we present creative, simple and screen-free activity ideas for travelling. Games, puzzles, tips: Here you will find inspiration on how to make the journey more enjoyable for children (and parents!). You are also welcome to bring along your own ideas and experiences – the exchange of ideas is very welcome! Have a good time in our Eltereforum and meet other parents while enjoying a cup of coffee or tea. The play group offers both the children exchange with peers and the adults the opportunity to make new contacts and to ask questions that arise in their current situation. They receive suggestions on how to play and the children can play freely.

As places are limited and in order to be better prepared, we would ask you to register.

 

Kontakt:

rygrersbehz.rfpu@zra.yh

 

 

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.