LU DÉI FASZINÉIEREND WELT VUN DE SEEFEBLOSEN! – ZESUMMEN ENTDECKEN, STAUNEN, LÉIEREN
Fir Elteren an hir Kanner tëscht 6 an 12 Joer
Daucht an déi magesch Welt vun de Seefeblosen an! An dëser spannender Show entdecken Elteren zesumme mat hire Kanner wéi duerch scheinbar gewéinlech Saachen erstaunlech Phänomener entstoe kënnen a wéi kleng Beobachtunge grousst Staunen ausléise kënnen: Firwat blénke Seefeblosen an alle Faarwen? A wéi eng spannend nei Formen entstinn, wann sech dënn Hait tëschent Forme spanen? Loosst eis zesummen op eng spannend Rees an d’Welt vum Liicht an der Mathematik goen. En Abléck an d’Schéinheet vun der Natur, dee weist: Hannert eppes sou Alldeeglechem wéi Seef stécht eng immens spannend Wëssenschaft!
Wou? Kuckt Iech hei de Plang un: https://semaine-enfance.lu/festival-de-lenfance/