De Service Eltereforum hat de 4.03.2026 op eng Konferenz invitéiert, bei där d’Referentinnen Kathrin Hohmann an Inke Hummel iwwer d’Entwécklungen an der Eltereschaft, wéi och iwwert Erausfuerderunge vun Elteren hautzedaags geschwat hunn. Do hu si och konkret Impulser fir den Alldag mat Kanner ginn a konnten den Elteren eng ganz Rei praktesch Tipps mat op de Wee ginn, wéi een besser mat Gefiller vun Hëlleflosegkeet an Iwwerfuerderung ëmgoe kann a wéi Grenzen sécher, empathesch a gewaltfräi gesat kënne ginn.
D’Opzeechnung vun der ganzer Konferenz vum 4. Mäerz 2026 ass elo disponibel: heiDonieft fannt der de Link zum Video mat der Konferenz och an eise Ressourcen.
