Dr Serge Tissero dans le cadre de la conférence "Screen-Life-Balance"

Dr Serge Tisseron: „Iwwer e räsonabele Gebrauch vun Écranen.“

Am Kader vun der „Screen-Life-Balance“- Campagne vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend gouf de Serge Tisseron, Dokter an der Psychologie a Psychiater, invitéiert, fir op den Impakt vun der Bildschiermzäit op d’Entwécklung vu Kanner a Jugendlecher anzegoen. Hei goufe follgend Aspekter kritesch reflektéiert:

  • Firwat ass et wichteg op den Alter vum Kand, d’Aart an de Contenu vun de Medien opzepassen?
  • Wéi kënnen Elteren an Educateuren d’Zäit virum Bildschierm mat interaktiven Aktivitéiten ausgläichen, fir d’Entwécklung vum Kand ze fërderen?
  • Wéi wierken digital Medie positiv a negativ op Jugendlecher?
  • Wéi eng Roll spille Videospiller an der kognitiver a sozialer Entwécklung vu Kanner a Jugendlecher?
  • Wéi kënne kritesch Denkfäegkeeten bei jonke Leit entwéckelt ginn, fir e sécheren Ëmgang mam Internet ze ënnerstëtzen?
  • Wéi eng Risike bestinn duerch exzessiven Handysgebrauch vun den Elteren, a wéi beaflosst dat d’Bezéiung zu hire Kanner?
  • Wéi kann een am ëffentleche Raum en equilibréierte Liewensstil fir Kanner a Jugendlecher ënnerstëtzen?

Dir hutt d’Konferenz de 7. November verpasst? Déi komplett Opzeechnung fannt Dir an der Online-Mediathéik hei.

Méi Informatiounen zur „Screen-Life-Balance“- Campagne fannt Dir https://secher.digital/fr/

Schutz vu perséinlechen Donnéeë

Donnéeë vun Iech kënne just op dëser Websäit gesammelt ginn, wann Dir dës fräiwëlleg agitt, z. B. duerch d’ Notzung vum Kontaktformulaire oder duerch d’ Aschreiwung fir eng vun eisen Aktivitéiten am Eltereforum. Mir weisen Iech dorop hin, dass dës Donnéeën nëmme fir d’ noutwendeg Dauer* op dem Server vun RESTENA gespäichert ginn an net un Drëtter weidergi ginn. Dës Donnéeë ginn och net fir kommerziell Zwecker benotzt.

Dir hutt d'Recht, eng Datei mat all Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen, déi mir iwwer Iech späicheren. Dir kënnt och d'Berichtigung vun ongenaue perséinlechen Donnéeën an d'Läschung vun e puer oder all Äre perséinlechen Donnéeën ufroen, wann d'Späicherung vun dësen Donnéeën net méi néideg ass. Dëst schléisst net Donnéeën an, déi aus administrativen, juristeschen oder Sécherheetsgrënn musse gespäichert ginn.

Dir hutt och d’ Recht, Iech géint den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ze wieren, esou laang kee schwéierwiegenden, legitimmen an zwéngende Grond dofir besteet.

Dir hutt och d’ Recht anzefuerderen, dass Iech Är perséinlech Donnéeën zougeschéckt ginn. Op Är Ufro hi kënnen Är perséinlech Donnéeën och un Drëtt weidergi ginn.

* Wéi laang ginn Äre perséinlechen Donnéeë bei eis gespäichert ?

Wann Dir Iech fir eng vun de Aktivitéiten am Eltereforum umellt, erlabe mir eis, Är perséinlech Donnéeë vum Zäitpunkt vun der Umeldung bis zum 30. Dag no der Aktivitéit ze späicheren. Dës Informatioune sinn néideg, fir mat Iech a Kontakt ze kommen, wann dëst aus organisatoresche Grënn erfuerderlech ass. (Zum Beispill: Ännerungen am Oflaf vun den Aktivitéiten, d'Ofso vun der Aktivitéit, asw...).

Kontaktinformatiounen

Wann Dir Froe bezüglech Äre perséinlechen Donnéeën hutt, bidde mir Iech, iwwer d'Adress dpo@men.lu Kontakt opzehuelen qcb@zra.yh.